
Auxiliaires de vie & Educateurs diplômés (m/f) / HUT
HUT recrute !
Auxiliaires de vie (w/m/x) & Educateurs diplômés (w/m/x)
Réf 2025 04 AEF – AUED
25-40 Stonne pro Woch, CDD/CDI
Mir sichen engagéiert a motivéiert Mataarbechter, déi un enger Weiderentwécklung vum Departement, am Sënn vun eise Beneficiairen, interesséiert sinn.
Äre Profil :
- Motivatioun Kanner, Jugendlecher an hier Familljen (mat an ouni Fluchterfarung) anhirem Alldag ze begleeden an ënnerstëtzen
- Interessi un anere Kulturen
- Eng wäertschätzend Haltung am Ëmgang mat de Beneficiairen
- Den Engagement nei Projeten ze entwéckelen an ëmzesetzen
- D’Kompetenz Konzepter weider ze entwéckelen an am Team ëmzesetzen
- Erfarung am Ëmgang mat de Konzepter „SOP“ an „nouvelle autorité“
- Basiskompetenzen an der Traumapädagogik
Mir bidden :
- En CCT SAS Kontrakt op Basis vun de schouleschen a berufflechen Experienzen
- D’Geleeënheet sech berufflech a perséinlech weider ze entwéckelen
- Eng zilgeriicht a clientsorientéiert Arabescht
- Formatiounen a Supervisiounen
- Een ofwiesslungsräich Ëmfeld
- Dynamesch Equippen
Dir hutt :
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé oder Educateur gradué
- Gutt Kenntnisser an de Sprooche lëtzebuergesch/franséisch/däitsch/englesch
- D‘Fäegkeet Responsabilitéiten ze iwwerhuelen an am Team ze schaffe
- Gutt Kenntnisser am Schoulsystem, am Fräizäitberäich, am soziale Secteur an am Fonctionnement vu Staat a Gemengen zu Lëtzebuerg.
- Eng Flexibilitéit an de Schaffzäiten De Salaire gëtt nom Kollektivvertrag fir Privatbeamten am Hëllefs- a Fleegesecteur an am Sozialsecteur festgeluecht.
D’Kandidatur (Motivatiounsbréif, CV, Kopie vun den Diplomer, Unerkennung vum Diplom,
Autorisatioun fir zu Lëtzebuerg ze praktizéieren, Aarbechtszertifikater, Extrait aus dem
Lëtzebuerger Casier (Bulletins nr. 3, 4 a 5 Protection des mineurs) a Wunnsëtz musse bis
den 18/04/2025 un de Personalbüro vun HUT – Hëllef um Terrain, 41, rue du Puits Romain,
L-8070 Bertrange (jobs@hut.lu) geschéckt ginn. Eng Preselektioun gëtt op Basis vun den
Dossiere gemaac
Lien pour postuler : cliquez ici