ee Gestionnaire Ressources Humaines (w/m/x) / APEMH

Voir toutes les offres

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht, fir direkt oder no Ofsprooch, ee Gestionnaire Ressources Humaines- (m/w/x) fir ee CDI 20 Stonnen/Woch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

  • Dir assuréiert déi ufalend administrativ Rekrutement Aarbechten
  • Dir ënnerstëzt bei Themen an Projet’en am Beräich Ressources Humaines

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidaten sollen :

  • een zu Lëztebuerg unerkannten Diplom DAP ( Divisioun Administratioun) oder Baccalauréat hunn
  • Kontaktfreedeg sinn an e respektvollen Ëmgang mat Léit hunn
  • gutt Kenntnisser am MS Office hunn
  • iwwert gutt schreftlech Komunikatioun verfügen
  • flexibel, autonom an organiséiert sinn
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

Wënschenswäert Ufuerderungen

  • Erfarung am Recrutement ass zu Virdeel

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C3 oder C4).
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit vun eiser Aarbecht
Lien pour postuler : cliquez ici
Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le mardi 28 mai 2024
Partager sur
Offre publiée par