Klimapakt Dag 2017, den 28.09.2017 zu Hesper
Klimapakt Dag 2017 ! Donneschdes, den 28. September 2017 vu 14 bis 17 Auer zu Hesper am Centre Civique et Scolaire
De Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen a myenergy invitéieren Iech op déi 5. Editioun vum Klimapakt Dag.
Um Programm vun dësem Joer stinn ënnert anerem folgend Themen :
- Agenda 2030 – wat bedeit dat fir Är Gemeng ?
- Économie circulaire – wat kann Är Gemeng an dësem neie Beräich ënnerhuelen ?
- Loftqualitéit am Kader vum Klimapakt
- Grenziwwerschreidende Projet GReENEFF – wéi kann Är Gemeng deelhuelen a wat sinn d’Virdeeler ?
- Néie Klimaschutzconcours fir Veräiner
- Iwwerreechung vun den neie Klimapakt-Zertifikatiounen
Profitéiert vun dësem Zesummentreffe fir Iech mat anere Gemengen a mat de concernéierten Acteuren auszetauschen an zesummen nei Weeër fir e bessert Klima anzeschloen !
Mellt Iech wann ech gelift online bis spéitstens de 31. August ënnert folgendem Link un :
https://www.myenergy.lu/de/gemeinden/umeldung-fir-de-klimapakt-dag-2017
Dir kënnt dës Invitatioun gär un aner interesséiert oder concernéiert Persoune weiderschécken.
Source : www.pacteclimat.lu